ech spieren mech gebuergen an der Praxis an
gin gestäerkt heem ❤
D.L.
Di 'traditionell' Schwätz-Therapie huet bei mir leider ni vill bruecht. Beim schwätze konnt ech meng Probleemer ëmmer nach intellektualiséieren an dat Iwwerdenken ass esou och net fort gaangen.
Mam Nadine hunn ech di Ënnerstëtzung fonnt di ech gebraucht hu fir guidéiert a mech eran ze goen a meng Emotiounen ze fillen, di ech scho jorelaang ënnerdréckt, an a mengem Kierper gespäichert, hat.
Klengt einfach, ass awer net ëmmer esou. Säitdeem ech somatesch Therapie mam Nadine maachen hunn ech vill méi Vertrauen zu mengem Kierper entwéckelt, geléiert menger Intuitioun nozelauschteren
a mech net esou vun anere Leit hirem Behuele beaflossen ze loossen.
M.K.
Ich habe eine sehr nette und einfühlsame Begleitung erfahren. Ich musste mich während den Stunden nicht verstellen und konnte einfach sein, wie ich bin. Ich konnte mich wieder selbst besser kennen lernen. Die Veränderung bei mir war schon nach einigen Stunden immens. Vielen Dank dafür 😊
R.H.
Ech war op engem Punkt a mengem Liewen ukomm, wou ech net richteg weider wousst. Mir gung et psychesch net wierklech immens gutt, an ech hu mech dozou entscheed mir beim Nadine Hëllef ze froen. Direkt no der 1. Sëtzung gung et mir besser, an no e puer Gespréicher, a Meditatiounen hunn ech erëm vill méi positiv op mäi Liewen gekuckt. Haut ginn ech erëm gestäerkt an voller Liewenskraft duerch d'Welt, an dëst dank dem Nadine senger Hëllef.
F.A.